Stolz zënter 1998 Concerten an Eventer a gemittlecher Ambiance oanzebidden., améseieren mir voan 2006 oan net nëmmen Är Oan an Är Uuren, mee beglécken och nach Äre Gomm.


Ëffnungszäiten

Iis Brasserie ass op
vun Méindes bis Mëttwochs 11.00 - 23.00 Auer
Freides bis Sonndes vun 11.00 - 23.00 Auer

Iis Kichen ass all Dag op
vun 12.00 - 14.00 Auer &
vun 18.00 - 21.30 Auer

Donneschdes ass Rouhdag.


Kommend Eventer


Léif Clienten,
An der schwiereger Situatioun versichen mir souvill wéi méiglech, fir Iech do ze sin. Dofir kënn Dir vun Mëttwochs bis Sonndes Äer Platen bestellen fir doheem ze iessen.

Bestellen kënn Dir
per Telefon um 26 72 08 80,
per SMS op den 621 144 090 oder
per Mail op info@aaleechternoach.lu.

Unbidden maachen mir dat vun Mëttwochs bis Sonndes vun 12.00-14.00 Auer an owes vun 18.00-20.00 Auer.

Dir wëllt Äeren Plat heemgeliwwert kréien?

Keen Probleem!
Bestellungen w.e.g. Moies virun 10.00 Auer fir Mëttes an virun 16.00 Auer fir Owes.

Mir liwweren am Radius vun 15km - fir iis däitsch Noperen just owes.

Commande Minimum ass 30€

Bei weideren Froen mellt Iech bei iis.

Léif Gréiss vun der ganzer Équipe.


Menu'en vun der Woch

25.05. - 31.05.2020
---
Fromburger v3.0 - Berdorfer Trüffel trëfft op Frombuerger Angus - Burger mat Angus-Patty vum Fromburg mat Berdorfer Trüffel-Kéis an hausgemaachter Trüffel-Mayonnaise (19,50€)
---
Tartar vum Thon mat Wasabi-Mayonnaise an Avocado (13,90€)
---
Steakhouse-Nuddel-Pan mat gegrillten Rëndfleesch-Sträifen, Pinienkären, Parmesan, Rucola & Kiischtentomaten (18,90€)
---
Farweg Tortellini mat Fleeschfëllung an enger Ham-Ram-Zooss (13,90€)
---
Hanger Steak vum Lëtzebuerger Rënd mat mediterranem Geméis & Grenaille-Gromperen (22,90€)


Zalot vun der Woch

Roastbeef-Zalot mat gemëschter Zalot, hausgemaachtem Roastbeef an Remoulade (17,90€)

Eis Adresse

38 Place du Marché
L-6460 Echternach (Iechternach)
LUXEMBOURG

Telefon: 26 72 08 80
Fax: 26 72 04 65


Brasserie-Restaurant Aal Eechternoach at Restaurant Guru

Brasserie-Restaurant Aal Eechternoach

Kontakt

Powered by Kirepo